Den Heescheverbuet an der Stad ze validéiere wier keng Regierungsdecisioun gewiescht, mee eng Decisioun vum Inneminister, hannert där déi ganz Regierung awer géif stoen, sou de Premier Luc Frieden.
"Dat war keng Decisioun vun der Regierung. Dat ass eng Decisioun vum Inneminister. Eng d'Decisioun, hannert där d'Regierung steet, mee et ass eng Decisioun vum Inneminister, fir ee Polizeireglement vun der Stad Lëtzebuerg ze approuvéieren, wat déi viregt Inneministerin refuséiert hat."
D'Stad Lëtzebuerg huet definéiert, datt een a verschiddene Beräicher zu verschiddene Stonnen net kann heeschen. D'Regierung an den Inneminister wieren der Meenung, datt dat, wat d'Stad Lëtzebuerg proposliert, och konform zur Jurisprudenz vum europäesche Geriichtshaff fir Mênscherechter wier. De Premier Luc Frieden betount, datt et net esou wier, datt déi Leit keng Alternativ hätten.
"Et gi Plazen, wou déi Leit kënne gehollef kréien, wou se kënne schlofen an net op der Strooss sëtzen. Mir wëssen, datt déi Leit am Misär sinn, mee et ginn aner Alternativen. Déi Leit kréie gehollef, souwuel vun der Stad Lëtzebuerg, wéi vum Staat. An zweetens geet et eis drëm, datt do ganz vill Leit reegelméisseg aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen an sech hei breet maachen, wat zu engem gewëssenen Duerchernee féiert."
Ëmwelt- a Klimapolitik: Keng Virschrëfte maachen
D’Leit mathuelen amplaz hinne Virschrëfte maachen: dat wier d’Approche vun der neier Regierung an der Ëmwelt- a Klimapolitik, sot de Premier Luc Frieden. Den 8. Oktober hätten d’Wieler de Wonsch no enger anerer Aart a Weis an deem Beräich och däitlech ausgedréckt.
"Ech gleewen un d'Intelligenz vun de Leit a sécherlech vun de Lëtzebuerger, mee d'Lëtzebuerger hunn och ausgedréckt bei dëse Walen, (...) ee klore Message, datt d’Politik notamment an deem dote Beräich vun der Regierung virdrun net eng Approbatioun fonnt huet. An an enger Demokratie muss een och Walen a Walresultater liesen."
"Mir hunn ee Wunnengsproblem a mir bauen net genuch"
Net schonn am Januar, mee eréischt am Februar soll déi grouss Logementsréunioun sinn, op där d’Regierung mat alle Bedeelegten iwwer de Wunnengsproblem an déi aktuell Kris am Bausecteur schwätze wëll. Virdru sollen déi zoustänneg Ministere sektoriell Gespréicher féieren, mat der Baubranche, mam Handwierk a mat de Gemengen, fir dee Rendezvous virzebereeden. Wat d’Finalitéit vun där grousser Ronn ugeet, sot de Luc Frieden, datt d'Zil wier fir ze kucken, wéi d'Moossnamen, déi am Koalitiounsaccord stinn, koherent ëmgesat kënne ginn.
"Well mir wëssen, datt mir dat net eleng kënnen. Mir brauchen d'Gemengen, mir mussen och kucken, datt déi Handwierksbetriber net op ee Moment ze vill Aarbecht hunn, fir de Moment hunn se net genuch Aarbecht an duerfir ass de Bau fir mech schonn eng grouss Suerg. Do schaffen Dausende vu Leit an ech hätt gären, datt déi Leit an der Aarbecht bleiwen."
"Mir hunn ee Wunnengsproblem a mir bauen net genuch.", dat war d'Ausso vum neie Premier Luc Frieden. De But vun där Reunioun wier deemno kloer:
"Dat ass net eng Reunioun, wou nach jiddwereen zousätzlech Fuerderunge soll bréngen. Mir wëlle lo Mol déi Decisiounen, déi mir geholl hunn zu Senneng beim Koalitiounsaccord ëmsetzen. Dorënner si steierlech Moossnamen, kuerzfristeg an zäiteg begrenzt, a prozeduraler, déi daueren natierlech bësse méi laang, bis se ëmgesat sinn, mee ech hätt gären, datt dat ugangs dës Joers ufänkt."